Ons Clienten

Wat soen eis Clienten?

Mir, d'Lëtzebuerger Äishockeysfederatioun an den Tornado Lëtzebuerg, si ganz begeeschtert vum Sport50 Site. En ass relativ einfach ze handhaben, souguer fir Leit déi keng IT-Spezialiste sinn. Mir kréien nëmme positiv Reaktiounen vun eise Fans a sie sin sech alleguer eens, dass d'Säit flott opgemach ass an allgemeng all Leit usprëcht. Och international gi mir op den IIHF Kongresser oft op eis flott Internetsäiten ugesprach. Dat Flottst ass fir eis d'Synchronisatioun vum Kalenner mat de Smartphones. Villmols Merci fir déi flott Aarbecht.

Monique ScheierFLHG

Sport50 ënnerscheed sech duerch seng Kompetenz, seng Jugendlechkeet, säin Dynamismus et säin coolt Ausgesinn. Mat Sport50 gelängt et Iech Är Memberen an Fans ganz einfach z'areechen.

Emile MullerUN Käerjeng

Super Design, flexibel, ganz einfach ze handelen. Super Service an Après-vente, ëmmer een oppent Ouer fir nei Ideen

Comité FC Una StrassenFC Una Strassen

Mat Sport50 hu mir e jonken dynameschen opstriewenden Partner fir eisen neien Internetsite fonnt deen ideal zu eis passt! Eis gefällt besonnesch d'Funktionnalitéit an d'Interaktivitéit deen mat dësem Site méiglech ass.

Comité FC MunsbachFC Munsbach

Mir si frou, dass Sport50 säi Produit fir eis Sportaart, a seng spezifesche Besoinen, progressiv komplettéiere konnt, an esou Flexibilitéit an Adaptatiounsverméigen bewisen huet.

Beckerich HedgehogsBeckerich Hedgehogs