Ween si mir?

Mir si vum Sport passionéiert! Eis Missioun an eise Wonsch sinn et, den weltwäit beschten Tool fir Sportsorganisatiounen z'erstelle. Mir wëllen deenen hëlefen, dei hiert Häerz an de Veräin stiechen.

Eis Wuerzele gi bis déif an de Sport an an d'Technologie. Eis richteg Stäerkt entsteet awer duerch d'Villsäitegkeet vun eise verschiddene Mataarbechter déi aus diverse Beräicher wei Marketing, Kommunikatioun, Informatik, Finanzen oder Sport kommen.
Gilles Mangen

Gilles Mangen - CEO

De Gilles ass een Äishockeygolkipper. Duerch déi gutt Mëttegiessen huet hie puer Kiloen zougeluecht, déi him awer zegutt kommen, wann et drëm geet den Gol ofzedecken. Hien huet Sport50 gegrënnt mat der Idee, d'Welt vum Amateursport ze veränneren. De Gilles ass zoustänneg fir Firmenstragie souwéi fir d'Relatioune mat den Investoren. Virdrun huet hie Firma zports.com gegrënnt a war als IT-Beroder aktiv.

Tim Wiltgen

Tim Wiltgen - COO

Den Tim ass ee Fussballspiller a mécht manner Problemer op der Aarbecht wei um Terrain. Hien gleeft drun eng réel Valeur fir Sportsorganisationen ze schaffen. Bei Sport50 këmmert hien sech em déi alldeeglech Prozesser, esou wei Weiderentwécklung vum Produit an d'Clientsbetréiung.